Vollt Engagement fir exzellent Fleesch an Naturschutz!

Dat sinn d’Produzente vum Label Naturschutz Fleesch

Iwwert ganz Lëtzebuerg verspreet, bréngt eis Kooperativ 20 Produzenten zesummen. Si ziichten Angus Ranner, Galloway Ranner an Highland Ranner am Aklang mat de Reegele vum Label Naturschutz Fleesch an dëst op ganz verschidden Aarte vu Weeden – vu naasse Wisen iwwer üppeg Gréngflächen bis dréchen Häng.

Dir gitt geschwënn méi iwwer déi verschidde Produzente vun der Naturschutz Fleesch zu Lëtzebuerg gewuer!