Skip to main content

Eng nohalteg Notzung vu Weeden

Robust Ranner als Paysagiste

Eng nohalteg Notzung ...

Fir schützenswäert Terrainen vertraue mir op eng extensiv Notzung mat eise robuste Ranner. Dëst bedeit datt mir d’Wisen ganz natierlech benotzen:

-wéineg Déiere weeden op grousse Flächen (max. 8 erwuessen Déieren op 10 ha)
-Keng Düngung
-Keng Pestiziden
-Keng mechaniséiert Aarbechten

... d'ganzt Joer iwwer

De Fokus vun dëser Approche läit um ganzjähregen Beweeden. Wärend all Joreszäit sinn eis Déieren op der Weed a këmmeren sech drëms, och am Wanter.

Hiert Fudder besteet ausschliisslech aus Gras, Kraider an Hecken, déi do wuessen. Eis Ranner kenne sech an en Ënnerstand zréckzéien an am Wanter gëtt Hee bäigefiddert.

Esou bedreiwe mir Naturschutz

Dës douce Bewirtschaftung fërdert den Naturschutz op vill Manéieren. Déi niddreg Besatzdicht vun Déieren fördert d’Entwécklung vu Grieser a Kraider, wéi och d’Diversitéit vu rare Planzen an Déieren.

Den oppene Landcharakter vun den Terrainen gëtt verstäerkt an e Mosaik vu verschiddene Vegetatiounsniveauen entsteet – dëst ass wesentlech fir d’Entwécklung vun deene verschiddenen Aarte vu Planzen an Déieren.