Skip to main content

Nose to tail – Vun der Nues bis bei de Schwanz

Mir leen Wäert op déi komplett Notzung vum Béischt – aus wirtschaftleche an och aus etheschen Grënn

Aus Respekt virum Déier

Respekt fir d’Déier ass eis Prioritéit – wéinst dëser Iwwerzeegung an aus enger wirtschaftlecher Siicht verschaffe mir ëmmer dat ganzt Déier.

Mir bidden Iech dofir eng Rei verschidde Fleeschstécker un – vu wäertvollen Deeler iwwer Ragoût bis zu héichwäertegem Gehacktes. Dëse Prinzip gëtt ëmmer agehalen – souwuel beim lokale Verkaf beim Produzent wéi och am Supermarché.

E faire Präis fir eis Produzenten

Mir hunn eng Verantwortung vis-à-vis vun eise Produzenten – wéineg Déieren op der Weed, kee Schluechten vun Déieren vu manner ewéi 30 Méint an e manner héischt Schluechtgewiicht gi berécksiichteg an deementspriechend fair remuneréiert.

Eise Label garantéiert dem Produzent e faire Präis fir dës aussergewéinlech Aarbecht a Fleeschqualitéit.