Skip to main content

Zesummen méi erreechen!

Als Produzente vum Label Naturschutz Fleesch hu mir eis als Kooperativ vereenegt

Eng Genossenschaft vun Produzenten

Nodeems de Label Naturschutz Fleesch 2013 gegrënnt gouf, hu mir eis als Produzenten ënnert enger Kooperativ vereenegt fir Fleesch vun der Extraklass ze produzéieren.

Eis Membere produzéieren ënner de strenge Richtlinne vum Label a kënnen sech fir d’Schluechten, d’Veraarbechtung an de Verkaf op d’Kooperativ verloossen.

Mir sinn zënter eiser Grënnung konstant gewuess!

Zënter 2016 ass d’Kooperativ op 17 Produzenten aus ganz Lëtzebuerg gewuess. D’ganzt Joer duerch bewirtschaften mir mat eise robuste Ranner insgesamt 1240 Hektar Weed op eng extensiv Aart a Weis.

Léiert eis Produzente besser kennen a léiert déi extensiv ganzjäreg Beweedung kennen!

ProduzentenGanzjäreg Beweedung

Mir geréieren déi komplett Produktioun

Mir kontrolléieren all Produktiounsprozesser, vun der Opzuucht vun den Déieren, iwwer d’Schluechten an d’Veraarbechtung bis zum Verkaf.

Mir sinn am enke Kontakt souwuel mat eise Produzente wéi och mat eise Partner fir ze schluechten, ze verschaffen an ze verkafen. Esou kenne mir eng konstant Qualitéitssécherung garantéieren.