Skip to main content

Déierewuel an eng aartgerecht Haltung

Zefridden a glécklech Déiere sinn d’Haaptprioritéit fir eis Produzenten

Mammekouhaltung am Trapp

Eis Déieren verbréngen hiert ganzt Liewen am Trapp an op der Weed.

Am Fréijoer ginn eis Kaalwer op der Weed gebuer a bleiwen bei hirer Mamm, déi se mat Mammemëllech opzitt. Dëst stäerkt hir Vitalitéit a si kënne genuch Kraaft tanken fir d’Wanterzäit.

Eng Ernierung nëmmen aus Gras a Kraider

D’Fudder vun eisen Déieren besteet ausschliisslech aus Gras, Kraider an Hecken, dat se op de Wisen an de Naturreservater fannen. Am Wanter gëtt hiert Fudder mat Hee ergänzt.

Eise Label verbitt d’Fidderen vun anerem zousätzlechem Fudder an all Gebrauch vu genetesch modifizéierte Planzen oder Fudder.

D’ganzt Joer op der Weed

Eis Déieren kënne sech d’ganzt Joer iwwer op de Weeden, an dëst och am Wanter, fräi beweegen an hunn och vill Plaz. Maximal 8 Déieren liewen op 10 Hektar, also eng ganz niddreg Besatzdicht.

Eisen Déieren stinn Ënnerstänn zur Verfügung fir sech zeréck ze zeien. Liest méi iwwer d’Déiererassen vun eisem Label, déi eisen Joreszäiten zu Lëtzebuerg ugepasst sinn.

Déiererassen