Skip to main content

Robust Ranner als Paysagiste

Mir vertrauen op speziell Rassen, fir datt eis Déieren dat ganzt Joer op der Weed kënne verbréngen

Angus

Galloway

Highland-Cattle

Robust Ranner fir speziell Wisen

Eis Déieren iwwerhuelen dat ganzt Joer iwwer d’Fleeg vun ökologesch wäertvollen Wisen duerch hiert weeden: Biotopen, naass Wisen, Huuschten oder dréchen Häng.

Dofir setze mir op robust Rassen, déi un dës speziell Bedéngungen ugepasst sinn a sech do wuel fillen – Angus Ranner, Galloway Ranner an Highland Ranner.

Klimaresistent an all Situatioun

Dës Déiererasse ginn als klimaresistent ugesinn an hu kee Problem mat Reen, Fiichtegkeet, Schnéi a Wand. Wann et mol onbequem gëtt, kënnen eis Déiere sech an hir Ënnerstänn zréckzéien.

Déieren mat wéineg Ufuerderungen

Eis Angus, Galloway an Highland Cattle Ranner hu wéineg Ufuerderungen a ginn ganz gutt eleng eens.

Si sinn resistent géint Krankheeten a Parasitten (de Label verbitt d’Benotzen vun Antibiotika), brauche ganz seelen Hëllef bei der Gebuert vu Kaalwer a maachen och gutt Gebrauch vun manner nährräichem Fudder op dréchenen Häng.