Skip to main content

Mir bidden Iech en aussergewéinlecht Erliefnes!

Héchst Fleeschqualitéit duerch speziell Opzuucht, kuerz Strecken a reegelméisseg Kontrollen

E besonneschen Goût

Eist Fleesch zeechent sech duerch e charakteristesche Goût aus.

Déi reng Marmoréierung, den héijen Undeel un intra-muskuléisem Fett, vergläichbar niddregen Waasser- an Gesamtfettgehalt si besonnesch populär bei eise Fleeschkenner.

Héchst Fleeschqualitéit

Mir erreechen dës aussergewéinlech Fleeschqualitéit engersäits duerch déi speziell Opzuucht vun eisen Déieren – eng Ernierung mat ville Grieser a Kraider, vill Beweegung an e luesen Wuesstem.

Anerersäits leeë mir grousse Wäert op e stressfräit Schluechten, en héicht Schluechtalter vu min. 30 Méint an ee laangt Ofhänken vum Fleesch.

Lokal produzéiert a kuerz Distanzen

Vun der Gebuert iwwert d’Opzuucht vun de Ranner bis zum Verkaf, fënnt all Schrëtt zu Lëtzebuerg statt.

Kuerz Transportweeër a de virsiichtegen Ëmgank mat eisen Déieren sinn eng Selbstverständlechkeet fir eis.

Vertrauenswierdeg Partner

Fir dës héich Standarden bäizehalen, schaffe mir mat vertrauenswierdege Partner zu Lëtzebuerg, déi och de Kontrollen duerch de Label ënnerleien.

Wann et ëm d’Schluechte geet, ziele mir op “Abattoir Ettelbréck” an d’Fleesch gëtt vun “La Provençale” verschafft.