Skip to main content
 
 
1
1

Genoss an Naturschutz vereent!

Dofir steet den Label Naturschutz Fleesch

Naturschutz Fleesch

Verantwortung géintiwwer der Natur, den Déieren an eisen Clienten: Dofir steet eisen Label! Mir bidden Iech excellent Lëtzebuergesch Fleeschqualitéit duerch eng Haltung op der Weed vun eisen Ranner iwwert dat ganzt Joer, déi am Aklang ass mat Naturschutz an dem Erhalt vun der Biodiversitéit.

Iwwert eis

Eng exzeptionell Fleeschqualitéit aus Lëtzebuerg!

Vun der Gebuert, iwwert d’Opzuucht bis zum Verkaf vun exzellenter Fleeschqualitéit, fënnt all Schrëtt zu Lëtzebuerg statt.

Eng Fidderung exklusiv aus Gras an Hee, vill Beweegung an laangt Ofhänken vum Fleesch sinn de Schlëssel fir dës aussergewéinlech Qualitéit.

FleeschqualitéitVerkaf

Naturschutz a Biodiversitéit

D’Erhale an d’Entwécklung vun der Biodiversitéit ass déi absolut Prioritéit vun eisem Label! Eis robust Ranner friessen dat ganzt Joer a klenger Zuel op ökologesch wäertvollen Wisen, fir Liewensraim ze kreéieren an z’erhalen, déi rare gi sinn.

Naturschutz

Aktuelles ronderëm Naturschutz Fleesch!

PresseProduzentenVerkaf
May 30, 2021

Naturschutz Fleesch op der Telé!

Erhaalt en eenzegaartege Abléck an d'Aarbecht vun den Produzenten vun Naturschutz Fleesch! Eng Dokumentatioun vun RTL Lëtzebuerg Entdeckt an dësem Video den Label Naturschutz Fleesch! Zwee…
Uncategorized @lu
May 30, 2021

Mir starten duerch – op den sozialen Medien. Sicht no eis!

Loosst Iech inspiréieren, gitt Fan, léiert eis Produzenten kennen, kritt eemoleg Ablécker, deelt Är Iddien, Rezepter an Erliefnesser mat eis an verpasst keen Highlight méi! Stay tuned!