Skip to main content

Erhalung a Stäerkung vun der Biodiversitéit

Schutz vun ökologesch wäertvollen Wisen duerch eis Ranner

Eise Label ënnerstëtzt d'Biodiversitéit!

Nieft der Produktioun vun éischtklassegem Fleesch ass d’Zil vun eisem Label d’Biodiversitéit vun ökologesch wäertvolle Wisen ze schafen an ze erhalen. Dës stellen de Liewensraum vu rare Planzen an Déieren duer.

Ökologesch wäertvoll Wisen schützen

De Fokus vun eisem Label läit op Terrainen op deene seelen Planzen, Grieser a Kraider wuessen oder als geschützten Zon unerkannt ginn.

Dëst kënne Biotopen, naass Wisen, dréchen Häng, Huuschten oder Natura 2000 Zone sinn.

Naturschutz duerch en extensiv Notzung

Dës ökologesch wäertvoll Terrainen mussen op eng Manéier kultivéiert ginn, déi keen destruktiven Impakt op d’Biodiversitéit hunn.

Dofir bewirtschaften mir dës Gebidder op eng douce Manéier: robust Véi këmmert sech d’ganzt Joer iwwer ëm d’Landschaft. Op dës Manéier kënne mir wäertvoll Liewensraim erhalen an esou d’Promotioun vun der Biodiversitéit garantéieren.

Fannt méi eraus!

Schounend Notzung